De Motoclub vum Personal vun der Gemeng Lëtzebuerg
Am Fréijoer 1991 hunn de Robert SCHAELER aus dem Service Hygiène an de Jean-Marie THILL vum Service Imposition, deen herno och deen éischte President vum Club ginn ass, d’Idee ee Motorradsclub ze grënnen an invitéieren d‘Leit aus allen Servicer op eng Informatiounsversammlung.
50 Motorradsfuerer woren zesummekomm an esou hunn sech do schonn direkt genuch Leit fonnt fir ee Club ze grënnen.
Vun elo un hunn d’Memberen sech 1x an der Woch getraff, et sinn Dagestouren organiséiert ginn an och Tir vun e puer Deeg. Kuerz no der Grënnung wor deen éischten Tour mat 20 Motorradsfuerer an d’Ardennen. 6 Tir, tëschent 250 an 400 km sinn an Däitschland an der Belge gefuer ginn
An de nächste Joren sinn weider Aktivitéiten dobäi komm, zB länger Vakanzen, ee Grillfest am Summer, eng Silvesterparty.
2007 kritt de Motoclub vun der Gemeng Lëtzebuerg ee Lokal zur Verfügung gestallt, wat d’Memberen selwer renovéiert a wou si bis haut sinn.
Ons Tir a Vakanzen
Vogesen: 1991
Korsika: 2001, 2008, 2014
Pyrenäen: 2002
Sardinien: 2003, 2019.
Toskana: 2005
USA: 2006
Südfrankreich: 2007
Grandes Alpes: 2008
Kroatien: 2015
Sizilien: 2016
Dolomiten: 2017, 2023
Portugal: 2018
Griechenland: 2020 an 2021 wéinst Corona Pandémie annuléiert