Salut Biker,
den 25ten ass jo den Internationalen ökumeneschen Motorradgottesdéngscht zu Iechternach, organiséiert vum Jean Ehret a mat Hëllef vum BMW Motorradclub an dem MotoVdL. Informatiounen fënds du um http://www.reformation2017.lu/homepage/artikel/article/internationaler-okumenischer-motorradgottesdienst - Mell dech weg hei um Formular un.
Fir dat ganzt proper ze organiséieren ginn elo Tourguides gebraucht. Falls du dodrun interesséiert bass treffen mir ons am Clubhaus den Donneschteg 18.05 um 19 Auer wou mer d'Strecken op de jeeweilegen GPS kopéieren. Den 19.05 treffen mir ons dann zu Iechternach um 17 Auer bei der Texaco-Tankstell op der Dikrecher Strooss: 1, rue de Diekirch, 6430 Iechternach.
Héi fueren mer dann zesummen op de Parking vun der Basilika wou de ganzen Oflaf erklärt gët. Dono fueren mer dann 1 vun den Mëttestier of fir dann Owes zu Miersch eppes zesummen Iessen ze goen.
Avis aux amateurs :-) Mir brauchen vill Tourguides!
-> De MotoVdL fiet och a dësem Kontext dësen Sonndeg op Klausen: https://www.facebook.com/events/357113787974029/
Wann et net reent fueren mer beim Clubhaus um 09.30 Auer fort. Mir deelen hei op der Motorradwallfahrt (3000 Biker) d'Flyeren aus.... Mell dech bei mir um 621328370 fir secher ze sinn op mer fueren!
Bis dann de Sonndeg :-)
Guy
|