Michael Martin + Gottesdéngscht
 |
| |

Sujet vum Message: Michael Martin + Gottesdéngscht
|
|
| |
Salut Biker,
muer ass zu Miersch am Kulturhaus eng Presentatioun vum Michael Martin mam Thema: Planet Wüste. Et si nach Platze fräi. Lass geet et um 19.30 Auer an den Entrée ass 20€.
Den 25.05 organiséiert onse Member Jean Ehret en ökumenesche Gottesdéngscht zu Iechternach. Mir sinn als MotoVdL do Mat-Organisator.
Ech maachen 2 Woche virdrun en Opruff wien als Tourguide hëllefe well. Mir rechne bis zu 300 Motorrieder!!
Op als Tourguide oder "just" fir matzefueren, mell dech weg un um: http://www.reformation2017.lu/homepage/agenda/article/internationaler-okumenischer-motorradgottesdienst
Et ass e ganzt flott Evenement an all Tourguide kritt och 1 Woch virdrun all Informatiounen a fueren och déi eenzel Tier of.
Bis da muer oder spéitstens Enn Abrëll op onsem Tour de Rodage :-)
Guy
|
|
|
 |
