Tour Rodage

 
 - - -
 

MotoVdL1MotoVdL2

 

Sujet vum Message: Tour Rodage

 
 

Salut Biker,

endlech leeft d'Saison un :-)

 

Mir fueren de nächsten Sonndeg onsen Rodage Tour. An dësem Tour fueren mir en hallwen Dag duerch onst schéint Éislek matt villäicht e wéineg Eifel.

 

Et ass besonnesch geduecht nees lues an d'Saison ze starten an och sech un d'Reegelen vum "fueren an enger Grupp" ze erënneren (net iwwerholl, seng Linn, 2 an 2 beim Stoppschëld, +++)

 

  • Datum:  17.04.2016
  • Auerzäit: 13.30 Auer
  • Distanz: 150 - 180 km
  • Treffpunkt: Clubhaus
  • GPS-Daten: Ginn de Freideg beim Rappel verschéckt

 

Et ass och momentan fir de Sonndeg 15 Grad gemellt bei 10% Reen, hoffentlech hunn ons Wiederfräschen Rescht :-)

 

Pour info: Ech hu eng Whatsapp-Grupp gegrënnt fir méi informéiert ze sinn (leeft um Iphone an Android). Falls du Member wëlls ginn vun dëser Grupp mir einfach weg en SMS schécken op den 621328370 mam Handysnummer... kuerz dono kriss du dann eng Noriicht ... de Whatsapp muss iewer dofir installéiert sinn!!

 

Bis de Sonndeg

 

Guy

 

 
---