Salut Biker,
e klenge Rappel fir ons Generalversammlung 2020, déi den Freideg 07.02 um 19 Auer am Clubhaus ass. Falls nach net gemaach, mell dech weg un bis spéitstens den 04.02 um gbreden@pt.lu.
Fir Iessen a Drénken ass gesuecht (Spaghetti). Just fir all Net-Member froen mir 15€, fir all Member ass et fräi.
Den ordre du jour:
- Aleedung President
- Réckbléck Saison 2019
- Keessebericht
- Bericht vun de Keesserevisoren
- Wiel vun de Keesservisoren
- Wiel Comité:
- Austriedend an eremwielbar Memberen sinn: Guy Breden, Carlo Zimmer, Raymond Diederich an Marc Oth.
- Austriedend a net eremwielbar Member sinn: Pascal Dondelinger an Jean-Marie Thill (de Jean-Marie gëtt Eire-Member am Comité)
- Kandidaturen fir déi 2 fräi Posten sinn: Partrick Wagner an Roby Kauthen
- Iwwerbléck Saison 2020
- Fräi Aussprooch
No der Versammlung gëtt nach de Film vun der Vakanz Sardinien gewisen.
Fir déi wou hier Memberskaart nach nët iwerwisen hunn, iwwerweis weg 15€ oder 10€ fir all Familljemember op den BCEE LU18 0019 1200 5081 9000.
De Planning 2020 steet um www.motovdl.lu.
Op eng flott Saison 2020
Fir de Comité
Guy
|